D'FLH Härennationalekipp réckelt no an d'Euro2024 Qualifiers

  11.03.2022

Bedéngt duerch d'Späre vu Russland a Belarus fir déi nächsten international Kompetitioune vun der EHF, réckelt Lëtzebuerg elo no an d'Qualifikatiouns Phase fir d'Euro2024 an Däitschland.

Duerch de Remis an der Belsch, steet Lëtzebuerg op der 2. Plaz fir déi 2 fräi Plaze vun dëser Qualifikatioun, hannert Georgien, awer virun Zypern a Bulgarien.

Den Tirage vun dëser Qualifikatiouns Ronn ass Donneschdes den 30. Mäerz um 18:00 Auer zu Berlin am Kader vun der "13th EHF Conference for Secretaries General".

Mir wäerten Iech doriwwer an nächster Zäit nach méi Informatioune ginn.


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)