Dëse Weekend : Aachtels Finall am EHF Challenge Cup Red Boys - Dynamo Victor
  15.02.2018


Nodeems sech den HC Berchem schonns géint HC ZNTU-ZAB Zaporozhye aus der Ukrain fir d'Véierels-Finalle qualifizéiert huet, wëllen d'Red Boys dee selwechten Exploit dëse Samschdeg realiséieren.

De Match ass e Samschdeg 17. Februar um 18:30 Auer zu Uewerkuer an der Sportshal. Schiidsriichter sinn de Bogdan Kaludjerovic an den Ivan Vujacic aus dem Montenegro. Den EHF-Delegéierten ass den Här Manuel Conceicao aus Portugal.

D'Red Boys hunn den éischte Match zu Stavropol a Russland mat 31 - 26 verluer, a mussen deemno mat 6 Goaler Differenz gewanne fir sech (sécher) fir déi nächste Ronn ze qualifizéieren.