Den Thierry Wagner nees an den European League Board vun der EHF gewielt
  29.06.2021


Haut de Moien huet eis déi flott Nouvelle erreecht, dass den Thierry Wagner fir déi nächst 4 Joer an den European League Board zréckgewielt ginn ass. Et ass säin zweet Mandat op dësem Posten, wou hie responsabel ass fir d'Interesse vun den "Emerging" a "Middel Ranked" Natiounen an hire nationale Ligaen ze vertrieden. Do gehéiert natierlech och eis Lëtzebuerger AXA League dozou. Mir wënschen dem Thierry op dësem Poste vill Erfolleg!

#handballassméi #AXALeague