Den Handball bei der Wiel vun der Sportlerin, Coach an der Equippe vum Joer
  05.11.2019


sportspress.lu, de Verband vun de nationale Sportjournalisten, huet gëschter d'Kandidate fir d'Awards Night vum 5. Dezember am Casino 2000 zu Mondorf nominéiert.

Do ass eise Sport dëst Joer ganz gutt vertrueden.

Bei de Sportlerinnen ass d'Tina Welter, 1. Lëtzebuerger Handballspillerin an der 1. däitscher Bundesliga nominéiert.

A bei den Equippen huet sech eis Härennationalequippe hier Plaz sécherlech duerch hier Resultater vun dësem Joer verdéngt.

Den André Gulbicki, Trainer vum Champion a Coupegewënner dem HB Esch ass vir de Coach vum Joer nominéiert.

Mir wënschen eisen 3 Vertrieder vill Chance bei der Weil.