De Weekend am Resumé
  18.11.2019


Dëse Weekend gouf an der AXA League bei den Hären den 8ten Spilldag gespillt. Bier-chem gewënnt zu Péiteng mat 18:35. Schëffleng huet sech misse 19:30 géint Dikrech geschloe ginn. An der Spëtzepartie huet Esch zum Schluss souverän géint Käerjeng ge-wonnen (31:24). De Match Diddeleng géint Red Boys gëtt den 19/12 nogespillt. Bei den Damme stoungen an der AXA League huet Diddeleng e Freideg wichteg Punkten op der Red Boys hänke gelooss (23:23). Wärend Esch kloer mat 14:35 géint Käerjeng verléiert. Nächste Weekend sti bei den Häre folgend Matcher um Programm: Chev Dikrech – HB Esch HC Bierchem – HB Diddeleng HB Käerjeng – HBC Schëffleng De nächste Spilldag bei den Dammen (Weekend 07.12.2019) stinn folgend Matcher um Programm: HC Standard - HB Diddeleng Red Boys Déifferdeng – HB Museldall Chev Dikrech – HB Esch D'Red Boys Déifferdeng huet dëse Weekend am Challenge Cup géint Nove Veseli aus Tschechien gespillt. Déi Déifferdenger hunn no enger staarker Leeschtung mat 22:21 an Tschechie gewonnen an hunn domat am Retourmatch nächste Samschdeg zu Uewerkuer d'Qualifikatioun fir déi nächst Ronn an der eegener Hand. De nächste Samschdeg spillt eis Dammennationalequipe e Frëndschaftsmatch géint d'Kurpfalz-Bären. Rendezvous um 17h30 „op Flohr“ zu Gréiwemaacher. #AXALeague #RoudeLéiwhuelse