De Weekend am Resumé
25.11.2019
Am EHF Challenge Cup huet d'Red Boys Déifferdeng dëse Samschdeg och de Réckmatch géint Nove Veseli (aus der Tschechei) mat 27:25 gewonn, a qualifizéieren sech esou fir 1/8 Final. D'Red Boys hat den éischte Match an Tschechien mat 22:21 gewonnen. D'FLH gratuléiert fir dësen ExploiT!
An der AXA League bei den Häre stoungen folgend Partie vir de Compte vum 9ten Spilldag um Programm. Bierchem gewënnt iwwerraschend däitlech géint Diddeleng (30:20), Dikrech muss sech géint Esch mat 19:36 geschloe ginn, a Käerjeng gewënnt 39:25 géint Schëffleng.
E Samschdeg huet eis Damme Nationalequippe an engem Frëndschaftsmatch géint d' Kurpfalz Bären aus der 1. Däitscher Bundesliga mat 15:33 verluer.
Nächste Weekend stinn 1/4 Finalë vun der Lotterie National Coupe de Luxembourg um Programm.
Hären:
HB Miersch (+3) – HC Bierchem
HB Museldall (+3) – HB Esch
Red Boys Déifferdeng – HB Käerjeng
HB Diddeleng – HB Péiteng
Damen:
HB Beetebuerg (+3) - HB Esch
HB Standard – HB Diddeleng
Red Boys Déifferdeng – HB Museldall
Chev Dikrech – HB Käerjeng
C.Petit
#handballassméi #AXALeague #RoudeLéiwhuelse