De Weekend am Resumé

  10.02.2020

E Sonndeg den Owend stoung fir d'Red Boys Déifferdeng den Aller-Match vun der 1/8 Final am Challenge Cup um Programm. Hei sinn si mat Dukla Praha op e ganz staarke Géigner getraff, an hunn sech misse mat 37:24 geschloe ginn. Nächste Samschdeg spillen déi Déifferdenger de Retourmatch, wou et schwéier wäert gi fir dëst Resultat nach eng Kéier ëmzedréien.

Dëse Weekend stoungen an der AXA League bei den Hären di lescht Matcher virun dem Play-Off un. Käerjeng hat schonn an der Woch doheem mat 26:30 géint d'Red Boys verluer. Schëffleng gewënnt 30:26 géint Péiteng, a Bierchem léisst géint Dikrech näischt ubrennen (36:15). Di Escher hunn zu Diddeleng hire 5 Goaler Ecart bal nach aus der Hand ginn, a gewannen zum Schluss knapps 29:28. Domat steet elo fest, dass Schëffleng a Péiteng an der Relegatioun mussen em hier Platz an der AXA League kämpfen.

Och bei den Damme stoungen déi lescht Matcher um Programm, an hei gouf et keng gréisser Iwwerraschunge méi. En Dënschdeg hat de Standard doheem géint Käerjeng de Kierzere gezunn (21:30). Käerjeng gewënnt och géint d'Red Boys (37:23), Diddeleng gëtt senger Favoritteroll géint Esch gerecht (33:17), wärend Dikrech um Standard mat 32:18 gewënnt. Bei den Damme muss domat den HB Esch an d'Relegatioun.

Nächste Rendez-vous:
Loterie National Coupe de Luxembourg bei den Hären

Mëttwoch 26.02.2020 am Gymnase vun der Coque
Um 18:30 Auer : HC Bierchem – Red Boys Déifferdeng
Um 20:45 Auer : HB Esch – HB Diddeleng

Loterie National Coupe de Luxembourg bei den Dammen

Donneschdeg 27.02.2020 am Gymnase vun der Coque
Um 18:30 Auer : HB Esch – Chev Dikrech
Um 20:45 Auer : HB Diddeleng – HB Museldall

 

#handballassméi #AXALeague 

  AXA League Hommes                
                   
  Spieler Verein Anzahl Spiele Tore Tore Spiel 7m Tore 7m verworfen 7m Tore/Spiel 7m Trefferquote
1 BRUKWICKI, Borys CHEV Diekirch 14 87 6,21 14 0 1 100,00%
2 Tsatso, Christo HC Berchem 14 86 6,14 20 4 1,43 83,33%
3 Gyafras, David HB Petange 14 86 6,14 26 7 1,86 78,79%
4 Novais Pires, Vladimiro CHEV Diekirch 14 82 5,86 15 6 1,07 71,43%
5 Ilic, Josip HB Dudelange 14 73 5,21 13 6 0,93 68,42%
                   
                   
                   
  AXA League Dames                
                   
  Spieler Verein Anzahl Spiele Tore Tore Spiel 7m Tore 7m verworfen 7m Tore/Spiel 7m Trefferquote
1 MOLKOVA, Alina CHEV Diekirch 12 133 11,08 29 10 2,42 74,36%
2 Soberano, Tania Red Boys Differdange 12 78 6,5 26 5 2,17 83,87%
3 Guedet, Capucine HC Standard 11 75 6,82 2 0 0,18 100,00%
4 Marin, Andreea-Alina HB Käerjeng 11 65 5,91 21 6 1,91 77,78%
5 Hadi, Leila HB Museldall 10 65 6,5 22 5 2,2 81,48%