De Weekend am Resumé
07.10.2019
Um 5. Spilldag vun der AXA League bei den Hären huet um Mëttwoch Diddeleng mat 40:26 kloer géint Péiteng gewonn. Bierchem huet sech no enger staarker éischter Halschent, um Enn nach mat 37:39 géint Red Boys misse geschloe ginn. D'Matcher Dikrech géint Käerjeng (10. Oktober) an Esch géint Schëffleng (30. Oktober) gi nogespillt.
Am Europapokal huet Esch dëse Weekend am EHF Cup gespillt a sech gutt geschloen. Géint Azoty Pulawy aus Polen verléiere si mat 31-28 auswäerts. Am Challenge Cup war Käerjeng a Schweden bei Alingsas mat 36-24 ënnerleeën, an den HBD huet doheem mat 24-27 géint Dobele aus Lettland verluer. D'Retourmatcher sinn all de nächste Weekend.
Bei den Damme stoungen um 4. Spilldag vun der AXA League zwou Partien um Programm. Museldall zitt mat 22:31 géint Dikrech de kierzeren. Spannend bis zum Schluss war de Match Red Boys géint Esch (22:21). Diddeleng a Käerjeng treffen eréischt den 19. Oktober openeen.
Déi nächst Matcher Hären:
Red Boys Déifferdeng - Chev Dikrech (12. Oktober)
H.B. Péiteng - H.B. Esch (15. Oktober)
H.B. Käerjeng - H.C. Bierchem (16. Oktober)
H.B.C. Schëffleng - H.B. Diddeleng (16. Oktober)
Dammen:
H.B. Diddeleng - H.B. Museldall
H.C. Standard - Red Boys Déifferdeng
Chev Dikrech - H.B. Käerjeng
C. Petit