De Loic Kaysen ass als Member vun der 🇱🇺 Lëtzebuerger Arméi vereedegt ginn

  13.01.2025

Leschte Freideg, den 10. Januar 2025, gouf eisen Nationalspiller a Member vun der Sportsektioun vun der Lëtzebuerger Arméi, de Loïc Kaysen, um Härebierg zu Dikrech feierlech vereedegt.

 

Als 3. klasséierte Kandidat vun der 204. Sessioun ass hie geéiert ginn. Zousätzlech huet hien sech duerch seng exzellent Leeschtung als beschten Tireur vun der Sessioun ervirgehuewen.

 

Mir gratuléieren him häerzlech a wënschen him weiderhi vill Erfolleg !