De Camille DIMMER, Éierepresident vun der FLH huet eis verlooss!
De Camille DIMMER, Éierepresident vun der FLH huet eis verlooss!
De Camille Dimmer war 1939 zu Klierf gebuer. Hien koum eigentlech vum Fussball, war hien dach scho fréi als Profi beim deemolege belschen Top Veräin Crossing Moelenbeek täteg. A wien erënnert sech net un déi fantastesch Leeschtung an den 1960er Joren, wéi hien quasi am Alleingang mat senge Goaler d‘ Qualifikatiouns-Matcher géint Holland entscheet hat?
Zum Handball ass de Camille spéider komm, wéi hien nom Enn vu senger aktiver Karriär als Fussballer, als jonken Ingenieur op Déifferdeng op d’HADIR komm ass, a kuerz duerno President vun de Red-Boys Handball gi war.
President vun der Handball Federatioun ass de Camille den 12.11.1973 ginn, no enger Ausseruerdentlecher Generalversammlung, déi hat missen ageruff ginn, well eng sëllege Fonctionnairen d’Knëppele bei Tromm gehäit haten. De Camille hat et fäerdeg bruecht, fir eng nei an dynamesch jonk Equipe op d’Been ze stellen, déi an akribescher Aarbecht d’Strukture vun der FLH moderniséiert, dem Verband komplett nei Statute ginn hat. Esou war ee Weiderbestoe vum Handball zu Lëtzebuerg méiglech ginn.
Dass d’Handballfederatioun an dëser schwiereger Period iwwerlieft huet, dat ass net zu lescht dem Camille säin Merite, dee seng Equipe ëmmer nees nei motivéieren a fir nei Projete begeeschtere konnt.
Et sollt hei awer och ernimmt ginn, dass de Camille eng dreiwend Roll gespillt huet, wéi 1976 vun de westeuropäeschen Natiounen ee Gremium an d’Liewe geruff gi war, fir eng europäesch Handball Federatioun ze grënnen. Entgéint allen Intrigen aus Ost a West huet de Camille mat voller Energie an engem véierkäppege Gremium matgeschafft. Ënnert sengem Impuls hat esouguer 1979 een Kongress vun den europäeschen „Westnatiounen“ zu Lëtzebuerg statt fonnt, fir déi deemools verfuere Verhandlungen nees opzehuelen.
Dass hien, och no sengem Récktrëtt am Joer 1982 dem Handball trei bliwwe war, beweist am beschten d’Tatsaach, dass hie sech als Éierepresident net ze schued war, fir bei de Feierlechkeeten zum 50. Anniversaire vun der FLH d’Presidentschaft vum Organisatiounscomité ze iwwerhuelen.
Als Mënsch, an als Dirigent am Sport war de Camille een absolut integeren a virbildleche Mënsch. Hien konnt d’Leit motivéieren, konnt mat hinnen diskutéieren a virun allem nolauschteren, mee hie konnt och, wann et néideg war mol e Muechtwuert schwätzen.
Äddi Camille, a Merci fir Alles wat s Du fir de Lëtzebuerger Handball gemaach hues.
Rou a Fridden!
Lëtzebuerger Handball Federatioun.