D'Christine (Petit) freet no beim Daniel SCHEID...
Am Kader vun der WM Quali 2021 spillt eis Nationalequipe Ufank Januar géint d'Slowakei, d'Färöer Inselen a Litauen ier kuerz duerno de wichtege Playoff fir d'EM 2022 géint Estland ass.
1) Wéi gesäis du d'Entwécklung vun der Nationalequipe an de leschte Joer?
Mir progresséieren ëmmer well mir eng relativ jonk Equipe hunn, déi wierklech zesummen hält. Mir verstinn eis net nëmmen um Terrain gutt, mee och ausserhalb. Mir haten am Januar awer och keng esou schwéier Géigner. Am Januar kommen do aner Brocken op eis duer.
2) Wéi eng Chancë rechens du der Nationalequipe aus fir déi 3 Matcher vun der WM Quali?
Wann mir éierlech sinn, gëtt dat ganz schwéier, mee natierlech gi mir ëmmer op den Terrain fir ze gewannen. Wann mir net géifen drun gleewen hätt et jo guer kee Wäert fir unzetrieden. Wann mir gudden Handball spillen, kréie mir awer sécher och gutt Resultater.
3) Mëtt Januar spillt d'Nationalequipe zwee ganz wichteg Matcher géint Estland, wéi stinn do d'Chancë fir des zwee Dueller positiv ze gestallten?
Ech rechnen eis schonn eng grouss Chance aus géint Estland. Mir hunn schonn 2 mol géint si gespillt, an esouguer auswäerts an Estland gewonnen. Mir wëssen also, dass mir géint se gewanne kënnen a musse ganz einfach ee staarke Match bei eis Doheem spillen, fir dass mir mat engem Polster an Estland reese kënnen. Mir wäerten eis dëst Joer och gutt op déi Matcher virbereeden, well mir am Oktober, Dezember a Januar eng laang Preparatioun zesummen hunn.
4) Wann d'Nationalequipe auswäerts spillt, mat wiem deels du däin Zëmmer an wisou?
Normal sinn ech mam Pierre Veidig vu Käerjeng an engem Zëmmer. Mir hunn eis an der Nationalequipe kenne geleiert, an de Pierre ass zu engem ganz gudde Frënd ginn. Mir hu vill Spaass um Zëmmer.
5) An dräi Wieder, wéi mengs du géifen deng Teamkomeroden an der Nationalequipe dech beschreiwen?
Éierlech, Éiergäizeg, Teamplayer
Numm : Daniel Scheid
Veräin : Red Boys Differdange
Positioun : Riets Band
Selektioune : 55
Goaler : 81