D'Christine freet no beim Luke a Loïc Kaysen…
  13.11.2019


De Luke an de Loïc Kaysen hunn 2018 de Schrëtt an d’Ausland gewot an trainéiere mëttlerweil schonn hier zweet Saison an der Handballakademie zu Gummersbach. Et gëtt keen Zweiwel, dass si sech hei ganz gutt weiderentwéckelt hunn. De Luke ass am Kader vun der U15 a konnt senger Equipe um leschte Weekend géint Bayer Dormagen mat 7 Goaler weider hëllefen. De Loïc spillt an der U19, wou hien sech zu engem echte Goalgetter entwéckelt huet. Sou huet hien de leschte Weekend 11 Goaler beim 29:31 Erfolleg géint den TSG Münster geschoss. Domat ass de Loïc beschte Goalgetter vun der gesamter A-Jugend mat 47 Goaler.

Mir hunn nogefrot, wei d'Iddi an d'Ausland ze goen entstanen ass, a wat sech säit deem an hirem Liewe geännert huet. 

Wéi gesäit ären Alldag mat Schoul an Handball aus ?

Loïc : Time Management ass alles! Bei 4 mol moies Training a 5 mol Owes sou wéi 2 Matcher de Weekend muss een säin Alldag genau plangen. Och d’Schoul, ech sinn op enger Abiturklasse, ass selbstverständlech och net ze negligéieren. Dobäi kënnt den Haushalt, mat Kachen, Botzen a Wäschen. Gottseidank hunn ech eng Frëndin, dat absolut Versteesdemech huet fir méi Liewen, wou de Sport an d’Schoul oft Prioritéit hunn. Eng gesond Ernierung a genuch Schlof sinn néideg fir dëse Pensum all Dag ze meeschteren. 

Luke : Moies um 6h stinn ech op, ginn am Internat iessen an dann hëlt de Loïc mech mat fir op den Training an duerno an d’Schoul. No der Schoul steet dee nächsten Training op der Dagesuerdnung. Hei si mir bis zu 2,5 Stonne mat Turnen, Krafttraining an Handballtraining um Terrain. Duschen, iessen an da geet et un d’Hausaufgaben. D’Wäsch an opraume mussen och gemaach ginn. Op verschidde Weekender hunn ech och nach HVM Training (Auswahltraining) oder et steet "betreutes Lernen" um Programm. Fir d'Matcher muss ee fir en Derby och mol locker 1h15 fueren. Et ass einfach ni langweileg hei, well ëmmer Matspiller a Frënn aus dem Internat do sinn, a mir vill zesummen ënnerhuelen.

Wéi huet äert Ëmfeld op äre Wonsch an d’Ausland ze wiessele reagéiert ?

Loïc : Iwwert d'Decisioun dëse Schratt ze maache war d’Lëtzebuerger Handballwelt zwispälteg. Dat och well dat deemools nach eppes Exotesches war. Eis handballverréckt Elteren hunn eis awer de Choix gelooss, getrei dem Motto "No risk no fun". Ech hunn et bis elo awer kee Moment bereit, a meng enk Frënn hu mech och ëmmer supportéiert.

Luke : Dat ware ganz verschidde Reaktiounen. Vun "dat gëtt dach ni eppes" bis "all Respekt, dass du an sou jonkem Alter däin Doheem verléiss an deng Famill a Frënn zeréckléiss" war alles derbäi, mee déi meescht Léit, och eis Traineren, hunn sech mat eis gefreet. Eng grouss Stäip sinn eis Elteren, si hunn eis vun der éischter Sekonn un ënnerstëtzt an hunn sech fir eis agesat. Esou kënne mir eisen Dram liewen. Dat war an ass net selbstverständlech, dofir si mir frou, dass si trotz negativer Beaflossung ëmmer op eiser Säit stoungen.

Wéi zefridde sidd Dir mat ärem Fortschrëtt zu Gummersbach ?

Loïc : Dat éischt Joer war richteg haart fir mech, well ech déi éischt 3 Méint en enorme kierperleche Retard hu missen opschaffen. Do hunn ech oft just d’Bänk gewiermt. Dat war fir mech als Stammspiller zu Bierchem Neiland. Haut e Joer méi spéit, nodeems ech haart geschafft hunn, sinn ech och zu Gummersbach Stammspiller an der A-Jugend, an däerf gläichzäiteg 3. Liga spille mat der 1. Equipe. Ech trainéieren och mat de Profien. Wann ech de Schratt an d’Ausland e bëssen éischter gewot hätt, sou wéi de Luke, wär et wahrscheinlech e bësse méi einfach gewiescht. 

Luke : Virun engem Joer hat ech e puer Kilo ze vill op de Rëpper a war konditionnell ganz schwaach. Dës Defiziter konnt ech awer schnell an de Grëff kréien an hu séier an d’Equipe era fonnt. Als Jéngsten an der Akademie kréien ech ëmmer Hëllef op dat um Terrain oder nieft dem Terrain ass. Mir si wéi eng kleng Famill hei beim VFL. De Konkurrenzkampf hei ass zwar enorm grouss mee dat bréngt een och weider. Well ech och net deen allergréisste sinn, muss ech ganz oft u meng Grenze goe fir matzehalen. Also muss ech technesch besser sinn, well soss kréien ech kee Fouss op de Buedem. Dat geléngt mir bis elo ganz gutt. 

Wéi ass de Kontakt zur Akademie vu Gummersbach entstanen ?

Loïc : Bei engem Frëndschaftsmatch géint d’Saarauswahl sinn ech vum Christian Schwarzer, e.a. 2007 Weltmeeschter mat Däitschland, drop ugeschwat ginn op ech nach ni doriwwer nogeduecht hätt, mech weider ze forméieren am Ausland. Dat war ëmmer dem Luke säin Ziel. Nodeems mir zesummen zu Lemgo a Gummersbach bei Detektionstraininger waren, ass de Maik Handschke mat eis op Gummersbach gefuer, well hien de Veräin an d’Akademie beschtens kennt. Hien wollt eis a gudden Hänn wëssen, dofir si mir him och immens dankbar. 

Luke : Mat 8 Joer hunn ech fir d’éischt un eng Carrière am Ausland gegleeft. Do huet de Vanja Radic vu Gummersbach (haut SC Magdeburg) mech gefrot fir bei si ze komme soubal ech an der B-Jugend wär. Dass ech haut zu Gummersbach sinn, hunn ech dem Maik Handschke ze verdanken, well hie meng Elteren encouragéiert huet mir d’Vertrauen ze schenken eleng eens ze ginn. Mat mengen deemools 13 Joer war dat e groussen Challenge deen ech ouni mäi Brudder de Loïc wahrscheinlech net gepackt hätt. 

Wat vermësst Dir am meeschte vu Lëtzebuerg ?

Loïc heiansdo Mamma’s Hotel an de bëllege Bensinspräis.

Luke : meng Frënn, meng Hausdéieren, d’Schueberfouer a menger Bomi hiert gutt Iessen.

 

Mir wënschen dem Loïc a Luke weider vill Erfolleg zu Gummersbach!

#AXALeague #RoudeLéiwhuelse