D'Christine freet no beim Kim WIRTZ…
  19.11.2019


D'Dammennationalequipe huet sech wärend der Allerhellegevakanz zesumme fonnt fir en Trainingsstage. Mir hunn eis mam Kim Wirtz ënnerhalen a gefrot wei de Projet Dammen- nationalequipe sech weider entwéckelt.

1. Wéi oft trainéiert dir mat der Nationalequipe, wou si scho Fortschrëtter gemaach ginn, a wouru muss nach geschafft ginn ?

D'Veräiner hunn sech arrangéiert fir Dënschdes fräi ze halen, sou dass d'Nationalequipe eemol an der Woch zesummen trainéiere kann. D'Joy Wirtz an d'Tina Welter kenne leider net dobäi sinn, well si am Ausland spillen. Mee esou kréien déi Jonk um Training d'Chance sech ze beweisen. Mir hunn do och Fortschrëtter gemaach am Zesummespill tëscht jonken a méi erfuerene Spillerinnen. Dat huet um Ufank net sou gutt geklappt.

Vis a vis vun aneren Nationalequippen hu mir ee Gréisstenodeel, dodru kann ee leider näischt änneren an dofir musse mir technesch besser ginn. Dat heescht e.a. dass mir un eisem 1 géint 1 nach schaffe mussen.

2. Wéi gesäis du d'Zukunft vun der Dammennationalequipe ?

Den Dammenhandball huet progresséiert, och dank dem Sportlycée. Do hunn déi jonk Talenter d'Méiglechkeet méi ze trainéieren an doduerch eng besser Technik ze léieren. Dovu wäert den Dammenhandball a nächster Zäit enorm profitéieren.

3. Wei zefridde bass du mam Encadrement a mam Support vun der Federatioun fir d'Dammennationalequipe ?

Am Moment kënne mir eis net beschwéieren, mir sinn extrem zefridden. Mir maache vill Stagen an hu gutt Equipement. Virun allem si mir frou, dass mir konnten eng offiziell Qualifikatioun spillen, wat virun e puer Joer leider net méiglech war.

4. Am Moment stinn 3 Equippe un der Spëtzt vum Championnat. Wéi ass däi Pronostic fir de Rescht vum Championnat ?

De Niveau vum Championnat ass an d'Luucht gaangen. Soss war laang Käerjeng ëmmer de Leader, an duerno Diddeleng, elo investéieren awer och aner Veräiner méi an d'Dammen. Zum Beispill huet d'Red Boys an den HB Museldall ganz vill gemaach, wat immens positiv fir de Championnat ass. Déi dräi Equippen déi uewen an der Tabell stinn, mussen all Match konzentréiert spillen. Ech hoffen et bléift bis zum Schluss spannend.

5. Wéi kéint een denger Meenung no méi Leit fir den Dammenhandball interesséieren ?

Et hëlleft schonn dass d'Dammen elo oft virun den Häre spillen, ech fannen zum Beispill, dass haut relativ vill Leit hei waren (um Match Esch géint Diddeleng). Vläicht kann ee Schoulen invitéiere fir Matcher kucken ze kommen. Do kéint jo dann och nach dat eent oder anert Talent dobäi sinn, wat mir duerno eng Kéier um Terrain erëm gesinn. Eng weider Iddi wär, den Dammenhandball op de soziale Medie méi present ze maachen.

 

Numm :           Kim Wirtz

Veräin :           HB Diddeleng

Positioun :       Réckraum

Selektiounen : 10

Goaler :           32

#AXA-League #RoudeLéiwhuelse #Letsmakeithappen