D'Christine freet no beim Jenny ZUK...
  21.11.2019


D'Dammennationalequipe huet sech wärend der Allerhellegevakanz zesumme fonnt fir en Trainingsstage. Mir hunn eis mam Jenny Zuk ënnerhalen, a gefrot wei de Projet Dammennationalequipe sech weider entwéckelt.
1) Wéi oft trainéiert dir mat der Nationalequipe, wou si scho Fortschrëtter gemaach ginn an wouru muss nach geschafft ginn ?
Mir trainéieren elo eemol an da Woch zesummen, an dowéinst ass d'Zesummespill vill besser ginn. Et war wichteg de richtegen Tempo fir eis Passen ze fannen, an domat eis Feelpäss ze reduzéieren. Elo musse mir nach um Zesummespill mam Pivot schaffen.
2) Wei gesäis du d'Zukunft vun der Dammennationalequipe ?
Ech gesinn e grousse Fortschrëtt am Dammenhandball allgemeng, well elo och vill méi oft trainéiert gëtt. Et kommen och erëm jonk Spillerinnen no. Mëttlerweil gëtt et och eng U14 an eng U16 Nationalequipe bei de Meedercher. Ech hoffen, dass d'Dammennationalequipe och no eiser Generatioun weider existéiert.
3) Wei zefridde bass du mam Encadrement a mam Support vun der Federatioun fir d'Dammennationalequipe ?
Et ass elo vill besser wéi virun e puer Joer. Oft goufe Saache versprach déi dann awer net agehale gi sinn. Awer eleng dass mir konnten a Griicheland bei der EM-Qualifikatioun dobäi sinn, beweist dass d'Federatioun elo eppes an d'Damme well investéieren.
4) Am Moment stinn 3 Equippe un der Spëtzt vum Championnat. Wéi ass däi Pronostic fir de Rescht vum Championnat ?
D'Championnat ass dëst Joer ganz sécher méi spannend wéi d'lescht Joer. Déi 3 Equippen déi elo un der Spëtzt leien, kënnen alleguer Champion ginn, et dierf een dobäi awer déi aner Equippen och net ënnerschätzen. An oft hänkt et bei de Spëtzematcher och dovun of, wien de besseren Dag erwëscht huet.
5) Wéi kéint een denger Meenung no méi Leit fir den Dammenhandball interesséieren ?
Vläicht kann een e puer Dammematcher méi op der Televisioun iwwerdroen, an och d'Presse sensibiliséieren fir méi iwwert den Dammenhandball ze berichten.

Numm : Jenny Zuk
Veräin : HB Käerjeng
Positioun : Réckraum
Selektiounen : 11
Goaler : 6