D'Christine freet no beim Chris Auger…

  24.10.2019

Am Kader vun der WM Quali 2021 spillt eis Nationalequipe Ufank Januar géint Slowakei, d'Färöer Inselen a Litauen, ier kuerz duerno de wichtege Playoff fir d'EM 2022 géint Estland ass.

1) Wéi gesäis du d'Entwécklung vun der Nationalequipe an de leschte Joer ?

Ech hunn d'Chance säit e puer Joer an der Nationalequipe ze spillen an et kann een eng konstant Progressioun erkennen. D'Aarbecht vun de leschte Joer dréit elo seng Friichten an déi jonk Spiller si mëttlerweil e wichtege Faktor an hire Veräiner an an der Nationalequipe. Mee och eist Championnat gëtt all Joer méi staark, mat villen Equippen déi op engem staarken Niveau sinn, wouvun d'Nationalequipe och profitéiert. 

2) Wéi eng Chancë rechens du der Nationalequipe aus fir déi 3 Matcher vun der WM Quali ?

Dräi Matcher an 3 Deeg si fir eis scho komplizéiert, ouni iwwerhaapt de Niveau vun den Equipe ze kucken. Um Pabeier gesinn d'Chancen net immens gutt aus, well wann d'Slowakei a Litauen mat hiren Top-Spiller spillen, gëtt et schwéier. Mee wann si eis ënnerschätzen da si mir prett fir zouzeschloen. 

3) Mëtt Januar spillt d'Nationalequipe ganz wichteg Matcher géint Estland, wéi stinn do d'Chancë fir des Dueller positiv ze gestallten ?

Fir mech ass dat d'Haaptzil. De Playoff ass eng Hürd déi mir mussen huele fir d'Méiglechkeet ze kréien, sech mat méi grousse Natiounen, wei z.b. Frankräich, Däitschland oder Dänemark ze moossen. Mir mussen hei Heem ee gudde Match maachen, fir mat enger reeller Chance an Estland ze fueren. Vill jonk Spiller si gehemmt wa si an der Coque virun iwwer 1000 Zuschauer spillen. Dat musse mir ofstellen. An dann musse mir dohannen alles ginn, fir e positivt Resultat. Perséinlech hoffen ech, dass ech der Equipe kann esou gutt wei méiglech hëllefen, well et wäert sécher meng lescht Campagne sinn. 

4) Wann d'Nationalequipe auswäerts spillt, mat wiem deels du däin Zëmmer, a wisou ?

Ech hunn ee ganz liichte Schlof also sichen ech mir ëmmer een dee net schnaarcht. Laang Zäit hunn ech mäin Zëmmer mam Steve Moreira gedeelt. Elo deelen ech mäin Zëmmer mam Christian Bock. 

5) An dräi Wieder, wéi mengs du géifen deng Teamkomeroden an der Nationalequipe dech beschreiwen ?

Éiergäizeg, Stëppeler, Al

 

Numm :             Chris Auger

Veräin :              HB Käerjeng

Positioun :         Goal

Selektioune :     58