Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 9 – 12. Dezember)
  13.12.2020


Haapt-Ronn Grupp II.

Ungarn - Däitschland 25 - 32 (Paus 11 - 13)

Am éischte Match vum Dag setzt sech am Grupp II, Däitschland dach méi kloer wéi erwaart, mat 32 - 25 géint Ungarn duerch.

Domat behält Däitschland d'Chance fir mat eegener Kraaft an d'Halleffinallen anzezéien.Gutt Leeschtung vum däitsche Keeper vum Handball Metz, Dinah Eckerle.


Kroatien - Norwegen 25 - 36 (Paus 14 - 15)

Keng Affär fir Norwegen , déi elo schonns d'Halleffinall preparéiere kënnen. Kroatien  konnt eng Hallschent de Match ausgeglach halen, mee an der zweeter Hallschent konnt sech de Norwegen Express kloer ofsetzen.

 

Am Video gesitt dir d'Highlights vun de Matcher
Ungarn - Däitschland https://vimeo.com/490349387/1d38c9e66b
Dänemark - Schweden https://vimeo.com/490349319/8f96552b45

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).