Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 6 – 8. Dezember)
  09.12.2020


Holland  - Ungarn  28 - 24 (Paus 13 - 15)

Glécklecht Enn fir Holland am Grupp C.
Duerch eng Steigerung zum Schluss vum Match ka sech Holland géint Ungarn duerchsetzen, an ass elo weider am nächsten Tour, mat zwee Punkten.Déi zwou aner Ekippen aus dësem Grupp déi weiderkommen, si Kroatien an Ungarn. Serbien ass als véierten ausgescheet.

 

Frankräich - Dänemark 23 - 20 (Paus 12 - 11)

Am Grupp A ass Frankräich doduerch déi éischt, a geet mam Maximum vu 4 Punkten an déi nächste Ronn. Niewent Frankräich an Dänemark steet och Montenegro, duerch eng 26 - 25 Victoire géint Slowenien, an der nächster Ronn. Slowenien ass ausgescheet.
 

Am Video gesitt dir d'Highlights vum Match Frankräich – Dänemark https://vimeo.com/488862662/35f6139f0a a vum Match Holland – Ungarn https://vimeo.com/488862796/cc15c9b726

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).

Vergiesst och net eise Pronostic-Concours op Facebook (Post vum 2. Dezember) - nach bis den 10. Dezember hutt dir Zäit.