Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 5 – 7. Dezember)
  08.12.2020


An engem enken a spannende Match spillt Däitschland mat Polen gläich, 21 - 21.

Polen war an der éischter Hallschent bis zur 28. Minutt dauernd vir, an de leschte Minutte konnt Däitschland dunn awer nach de Score dréien, a goung mat engem Goal Virsprong an d'Paus (9 - 8).

An der 2. Hallschent louch keng Ekipp mat méi wéi 2 Goaler vir. An der 56. Minutt haten eis Noperen nach 2 Goaler Virsprong, mee Polen konnt zum Schluss nach ausgläichen, wat awer net duer geet fir an déi nächste Ronn ze kommen. Däitschland huet duerch d'Gläichspill déi nächst Ronn sécher erreecht.

 

Am Video gesitt dir d'Highlights vum Match Däitschland - Polen https://vimeo.com/488431527/d627626968

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).

Vergiesst och net eise Pronostic-Concours op Facebook (Post vum 2. Dezember) - nach bis den 10. Dezember hutt dir Zäit.