Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 4 – 6. Dezember)
  07.12.2020


Nei Enttäuschung fir Holland am Grupp C. Mat 25 - 27 verléieren si och hiren zweete Match géint Kroatien. An der Paus louch Holland mat engem Goal vir.

Domat steet Holland elo mat null Punkten op der leschter Plaz vun hirem Grupp.

 

Am Grupp A setzt sech den nach aktuellen Europameeschter Frankräich mat zéng Goaler Differenz géint Slowenien duerch.

Schlussresultat 27 - 17, an der Paus stoung et 12 - 6.

Domat ass Frankräich sécher an der nächster Ronn.

 

Am Video gesitt dir d'Highlights vum Match Holland - Kroatien https://vimeo.com/488072635/aae022c35f
a Franräich - Slowenien https://vimeo.com/488072824/8eb596f8be

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).

Vergiesst och net eise Pronostic-Concours op Facebook (Post vum 2. Dezember) - nach bis den 10. Dezember hutt dir Zäit.