Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 2 – 4. Dezember)
  05.12.2020


Gëschter Owend sinn "les Bleues"  mat engem bloen A dervu komm. Ganz knapp hu si mat 24 - 23 géint de Montenegro gewonnen.

Haut spillt um 18:00 Auer Däitschland e ganz wichtege Match géint Norwegen.

Holland spillt dann um 20:30 Auer hiren éischte Match géint Serbien.

 

Am Video gesitt dir d'Highlights vum Match Frankräich - Montenegro https://vimeo.com/487547065/e20426a7fc

 

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).

 

Vergiesst och net eise Pronostic-Concours op Facebook (Post vum 2. Dezember) - nach bis den 10. Dezember hutt dir Zäit.