Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 12 – 15. Dezember)
  16.12.2020


Haapt-Ronn Grupp I.

Montenegro  - Spuenien 26 - 26 (Paus 11 - 17)

Frankräich - Schweden 31 - 25 (Paus 14 - 14)
Frankräich wënnt kloer mat +6, an ass sécher an der Halleffinall. Op éischten oder zweeten am Grupp, huet sech am Match Dänemark - Russland entscheed.

Dänemark - Russland 30 - 23 (Paus 13 - 9)

Duerch déi +7 Victoire steet Dänemark  als 4. Ekipp an der Halleffinall. An do kënnt et dann e Freideg zum Skandinaveschen Duell géint Norwegen.

Haapt-Ronn Grupp II.

Holland - Rumänien 35 - 24 (Paus 16 - 12)

Kroatien - Däitschland 23 - 20 (Paus 12 - 12)

Kroatien, mat dem Camila Micijevic, der Spillerin vu Metz Handball (4 Goaler), schléit Däitschland, an ass domat als grouss Iwwerraschung fir d'Halleffinall qualifizéiert.Holland gëtt duerch d'Nidderlag vun Däitschland déi 3. am Grupp II. Däitschland ass 4.

Ungarn - Norwegen 21 - 32 (Paus 9 - 17)

Am Video gesitt dir d'Highlights vun de Matcher
Montenegro  - Spuenien https://vimeo.com/491514600/84a69dc6c3
Frankräich  - Schweden https://vimeo.com/491514476/5ee4ecea16
Dänemark  - Russland https://vimeo.com/491514394/154257ad43

Holland - Rumänien https://vimeo.com/491514675/bdb17b5adc
Kroatien - Däitschland https://vimeo.com/491514553/b2219fcb1a
Ungarn - Norwegen https://vimeo.com/491514256/ad7d14261a

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).