Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 11 – 14. Dezember)
  15.12.2020


Haapt-Ronn Grupp II.

Holland - Däitschland 28 - 27 (Paus 14 - 15)

"What a Match" dat waren déi lescht Wierder vum Englesche Kommentator op EHFTv.com. An der leschter Sekonn stoppt d'Hollännesch Keeperin Tess Wester (39%) eng Konter vun Däitschland, domat gewënnt hir Ekipp de Match, mee kann awer net méi an d'Halleffinalle kommen. Just Däitschland behällt eng theoretesch Chance op d'Halleffinallen.
Am reng
Metz Handball interne Match, gesäit de Metzer Trainer Emmanuel Mayonnade (NL) kee Goal vun senger hollännescher Spillerin Debbie Bont (0 vun 2), a 16/43 (37%) Arrête vu senger däitscher Keeperin (déi iwwregens och Spillerin vum Match gewielt gouf).

Ungarn - Rumänien 26 - 24 (Paus 13 - 14)

Montenegro erspillt sech an der éischter Hallschent e sechs Goal Virsprong, dee Schweden an der zweeter Hallschent net verklengere konnt. Montenegro kritt domat hier éischt Punkten an der Haaptronn.

Am Video gesitt dir d'Highlights vun de Matcher
Ungarn - Rumänienhttps://vimeo.com/491111398/c2241574ba
Holland - Däitschland https://vimeo.com/491103701/7062665551

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).