Dammen EURO2020 an Dänemark (Dag 10 – 13. Dezember)
  14.12.2020


Haapt-Ronn Grupp I.

Dänemark - Spuenien 34 - 24 (Paus 17 - 10)

Ouni gréisser Problemer ka sech Dänemark zu Herning géint Spuenien duerchsetzen. A behält esou d'Chance sech fir d'Halleffinallen ze qualifizéieren. Brauch duerfir awer en Dënschdeg eng Victoire géint Russland.

D'Louise Katharina BURGAARD (28 Joer, rietse Réckraum) vu Metz Handball huet 1 Goal zur dänescher Victoire bäigedroen.

Montenegro - Schweden 31 - 25 (Paus 16 - 10)

Montenegro erspillt sech an der éischter Hallschent e sechs Goal Virsprong, dee Schweden an der zweeter Hallschent net verklengere konnt. Montenegro kritt domat hier éischt Punkten an der Haaptronn.

Am Video gesitt dir d'Highlights vun de Matcher
Dänemark - Spuenien https://vimeo.com/490642572/a8e14b41a8
Montenegro - Schweden https://vimeo.com/490642651/190a73bc97

Dir kënnt all d'Matcher (live an och am replay) op EHFTv.com gesinn, dir musst Iech just en "Account" ariichten (deen ass gratis).