Corps Arbitral weist sech solidaresch mat der FLH
  13.04.2021


Nodeems bei der Reprise vum Championnat an den AXA-League jo obligatoresch Schnelltester agefouert gi sinn, hat d'FLH jo decidéiert d'Veräiner finanziell ze entlaaschte fir dësen Opwand, e weideren an der Covidkris, kënne besser ze stemmen. D'FLH iwwerhëlt sämtlech Arbitterkäschte vum Playoff bei de Frae wéi bei den Hären. Bei der leschter Sitzung vun der REFCOM huet de Corps Arbitral sech solidaresch gewisen, an d'Decisioun getraff, op 20% vun den Arbitterkäschten ze verzichten an esou de Finanziellen Impakt fir d'FLH ze erliichteren. Den CA vun der FLH seet allen Arbitter dofir e grousse MERCI!

#handballassméi #AXA-League