Breaking News : Lëtzebuerg – Israel
  07.12.2023


Déi zwee am November ofgesote Qualifikatiounsmatcher fir d’Hären-Handball-WM 2025 tëscht Lëtzebuerg an Israel ginn am Grand-Duché gespillt.

 

Dat huet d’FLH der europäescher Handball-Federatioun EHF an där israeelescher Federatioun haut matgedeelt. Déi zwou Partië sinn de 17. an den 18. Januar an der Coque.

 

D’EHF hat no Léisunge gesicht, fir déi Matcher awer kënnen ze spillen. Déi zréckbehale Léisung war eng vun de Propose vun der FLH.