Auslousung Dammen Europameeschterschaft 2022 - EHF EURO 2022 Qualifiers Phase 1
  17.03.2021


Haut war zu Wien d'Auslousung vun der Qualifikatiounsronn Phase 1 fir d'EM 2020 (a Slowenien, Nord-Mazedonien a Montenegro)

Lëtzebuerg war am Pot 3, an ass an eng Véierer-Grupp geloust ginn, zesumme mat Portugal, Kosovo an Zypern. Portugal huet d'Organisatiounsrecht zougesprach kritt (si hu bis de 29. Mäerz Zäit dat ze bestätegen).

D'Matcher gi gespillt an Turnéierform an der Woch vum 31. Mee bis 6. Juni 2021. Den éischte vun der Grupp kënnt dann an déi nächste Ronn.