Arbitterkoppel Linster/Rauchs dëse Weekend 2 mol bei Top EHF Matcher am Asaz
Eis international Arbitterkoppel Alain Rauchs a Philippe Linster päifen dëse Weekend (8. a 9. Januar) zwee Matcher a Norwegen.
Samschdeg 8. Januar 2022 zu Kristiansand a Norwegen de Match an der DELO EHF Championsleague vun de Fraen tëschent dem Champions League Gewënner vum leschte Joer Vipers Kristiansand an Krim Mercator Ljubljana aus Slowenien, an dann den Dag drop zu Stavanger (NOR) de Match an der Europa League Fraen tëschent Sola HK an HC Lokomotiva Zagreb aus Kroatien. Mir wënschen hinne Bonne Chance bei dësen zwee interessante Matcher.
Eis zweet EHF Arbitterkoppel Sabien Weber an Denis Weinquin päifen dëse Samschdeg am EHF European Cup bei de Fraen de Match SSV Brixen Südtirol (ITA) géint HC Galychanka Lviv aus der Ukrain.
De Paul Nesser ass als EHF Delegate beim EHF Europa League Match zu Nantes tëschent Les Neptunes de Nantes an der SG BBM Bietigheim.