7. Editioun vum Jugend-Handball Camp zu Käerjeng
  30.12.2018


Den Handball Käerjeng a seng Jugendkommissioun sinn houfreg déi 7ten Editioun vum Jugend-Handball Camp dierfen ze presentéieren. De Camp ass an der Ouschtervakanz 2019 vu Méindes 8.4. bis Mëttwochs 10.4. a riicht sech un d’Alterskategorie vun 8 Joer bis inklusiv 14 Joer. Ënnert dem Motto „Alles fir den Handball, voll Ënnerstëtzung fir d’Jugend“ geet et drëms fir eis Sportaart zu Lëtzebuerg bei de Kanner a Jugendlechen ze promouvéiere mat Akzent ob Spaass, Éiergäiz, Disziplin an Teamgeescht. D‘Organisatore sinn den HB Käerjeng zesumme mat der Dago Leukefeld Handballschule. Weider Informatiounen fannt dir am Annexe #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #AXALeague