536 Covid-19 Schnelltester bis haut
  17.02.2021


D'Lëtzebuerger Handballfederatioun deelt mat, dass vum 4. bis den 15. Februar insgesamt 536 Covid-19 Schnelltester vun 12 Veräiner an der AXA-League Dammen an Hären realiséiert gi sinn. All déi 536 Tester si negativ gewiescht. Leider war bei eisem Communiqué lescht Woch duerch e Fehler iertemlech ee positiv Resultat gemellt ginn, dat war awer net de Fall.

D'Lëtzebuerger Handballfederatioun bedankt sech bei de Veräiner fir déi gutt Organisatioun, a seet senge Partner "AXA Assurances" a "Päiperléck S.à.r.l.", a net ze vergiessen dem Ministère des Sports, e grousse Merci fir d'Ënnerstëtzung vum Projet.

#handballassméi #AXA-League