2 FLH Jugend-Kaderspiller bei den TBV Lemgo (B Jugend)

  20.02.2018

D’FLH hat viru kuerzem vu Sichtungstraininger am Ausland vun e puer vun eise jonken Handballspiller bericht. Fir 2 vun hinne schéngt e Wiessel am August 2018 an de B Jugendkader vum TBV Lemgo kuerz virum Ofschloss ze stoen.

Laut Informatioune vun den Eltere vum Eric del Rosso (HC Standard, Joergang 2002) a Charel Kirtz (HB Käerjeng, Joergang 2003) konnte béid Jongen des Woch ob engem Prouftraining iwwer 3 Deeg (fir den Eric war dëst kuerzfristeg an d'Reih gaang, beim Charel stoung deen Termin schonns méi laang fest) deelhuelen an iwwerzeegen. Pour mémoire, den Eric an de Charel sinn aktuell Schüler am SportsLycée an och FLH Kaderspiller.

Parallel dozou gouf et och eng Entrevue mat der Direktioun vum Gymnasium zu Lemgo wou si dann och de prinzipielle Feu Vert kritt hunn, fir am September do kënnen an d’Schoul ze goen, mam Ziel, hiert Abitur an e puer Joer an der Schoul z’absolvéieren. Vu dat dëst alles Neiland mat Lëtzebuerger Nowuessspiller fir Lemgo ass, sinn nach e puer administrativ Formalitéiten ze klären.

Soubal dëst geschitt ass, ginn d‘Kontrakter ënnerschriwwen, an hier Aventure kann ufänken. Dëst ass e flotte Schratt no vir am Sënn vum Handball an der Fërderung vun eise jonken Talenter zu Lëtzebuerg an eng insgesamt interessant Dynamik fir eis Sportaart. D‘FLH hält jiddwerfalls all de jonken Handballspiller déi esou e Wee wëllen aschloen, weiderhin Daumen