1400 Euro fir d'UNICEF Hëllef an der Tierkei
Bei Geleeënheet vun der Finall vun de Männer wärend dem Final4 huet d'FLH (Christian Schmitt Directeur Administratif) zesumme mat de Kapitäne vun der Fraenationalekipp (Tina Welter) an der Männernationalekipp (Tommy Wirtz) e Scheck an héicht vu 1400 Euro un den Här Paul Heber Chief Communication vun UNICEF Luxembourg iwwerreecht.
Dësen Don setzt sech zesummen aus der Becherspend vun eise Supportere vum Match Lëtzebuerg - Tierkei, an den Done vun eise Spillerinnen a Spiller. D'FLH huet dat ganzt nach opgeronnt.
Mir soe Merci fir all deenen déi gehollef hunn.