FINAL4 2024 (Männer) : Virverkaf bei de Veräiner
13.04.2024
Hallef-Finalle Männer - Donneschdeg 25. Abrëll 2024
18:30 : Chev Diekirch - Red Boys
20:45 : Handball Esch - HB Dudelange
Bucht bei ärem Veräin, dir sëtzt am Fan Block vum Veräin, an ënnerstëtzt de Veräin och finanziell.
De Präis vun enger nummeréierter Sëtzplaz ass 20 Euro pro Dag.
Kanner bis 18 Joer hu fräien Entrée, mee dann awer just eng Stéiplaz (also keng Sëtzplaz), a gëtt et och JUST an der Oweskeess.
Stéiplazen (15 €) oder Studententicketen (10 € = Stéiplaz) gëtt et JUST an der Oweskeess.
Fir d'Halleffinalle bei de Männer kënnt dir är Tickete bei de Veräiner, déi an der Halleffinall engagéiert sinn, bestellen.
Chev Diekirch : chev.lu/tickets-final4-haeren/
Red Boys Differdange : fabienne@handballredboys.lu
Handball Esch : https://www.handballesch.lu/archiv-64878v4/news/48203
HB Dudelange : +352 621 221 140 (A. Dickes) oder contact@hbd.lu
#handballassméi#final4loterienationale