FINAL4 2024 (Fraen) : Virverkaf bei de Veräiner
  13.04.2024


Hallef-Finalle Fraen - Freideg 26. Abrëll 2024

18:30 : HB Dudelange - HC Standard

20:45 : HB Käerjeng - Red Boys

Bucht bei ärem Veräin, dir sëtzt am Fan Block vum Veräin, an ënnerstëtzt de Veräin och finanziell.

 

De Präis vun enger nummeréierter Sëtzplaz ass 20 Euro pro Dag.

Kanner bis 18 Joer hu fräien Entrée, mee dann awer just eng Stéiplaz (also keng Sëtzplaz), a gëtt et och JUST an der Oweskeess.

Stéiplazen (15 €) oder Studententicketen (10 € = Stéiplaz) gëtt et JUST an der Oweskeess.

 

Fir d'Halleffinalle bei de Frae kënnt dir är Tickete bei de Veräiner, déi an der Halleffinall engagéiert sinn, bestellen.

HB Dudelange : +352 621 221 140 (A. Dickes) oder contact@hbd.lu

HC Standard : hc.standard@pt.lu

HB Käerjeng : Bestellformular op https://forms.office.com/e/N3ctpRXC8p oder per Mail op ticx@hbk.lu

Red Boys Differdange : fabienne(@)handballredboys.lu