U17 Jongen um European Open zu Göteborg

  27.06.2019

Eis U17 Jonge Nationalequipe hëlt d'nächst Woch um European Open zu Göteborg a Schweden deel. Dësen European Open ass organiséiert vun der Schwedescher Handballfederatioun zesumme mat der EHF a fënnt am Kader vum Partille Cup statt. Dës European Open ass schonns bal eng U17 Europa-Meeschterschaft mat 24 Equippe wéi Schweden, Russland, Norwegen, Spuenien etc.

Eis Jongen spillen an der Gruppe-Phase géint Schweden, Tschechien, Russland, Schwäiz a Groussbritannien.

Den Turnéier dauert vu nächste Méindeg 1. Juli bis nächste Freideg 5. Juli.

De Spillprogramm vun eiser Equipe (an der Gruppe-Phase) ass deen heiten :
01.07.2019      09:15 Auer : Lëtzebuerg vs Groussbritannien
01.07.2019      15:15 Auer : Russland vs Lëtzebuerg

02.07.2019      15:00 Auer : Schweden vs Lëtzebuerg
03.07.2019      13:30 Auer : Lëtzebuerg vs Tschechien
03.07.2019      19:45 Auer : Lëtzebuerg vs Schwäiz

Weider Informatiounen (wéi d'Suite vum Programm, Liveticker, Livestream, etc) fannt dir op <link https: partillecup.com>partillecup.com an op <link http: www.eurohandball.com eopen men round>www.eurohandball.com/eopen/17/men/2019/round/1/Preliminary+Round

Mir wënschen eiser Equipe, déi e Sonndeg via Findel a Schwede flitt, an e Samschdeg de 5. Juli nees heem kënnt, bonne Chance an déi néideg Reussite bei dësem schwéieren Turnéier.