Patrick Simonelli ass neien EHF Delegéierten
Vum 21 bis 23 Abrëll huet de Patrick Simonelli un engem Cour zu Wien deel geholl, mam Ziel EHF Delegéierten ze ginn. Als ee vun 33 zeréckbehalene Kandidaten (aus 79), déi um Cour deel huele konnten, krute mir haut déi erfreelech Noriicht, dass hien ee vun deenen ass, déi de Cour gepackt hunn.
Domat ass hien ab der nächster Saison der FLH hiren zweeten EHF Delegéierten nieft dem Paul Nesser.
Léit fir esou Aufgaben um Niveau vun der EHF ze hunn, ass net nëmme wichteg fir d’Reputatioun vun onser Federatioun, mee, genee ewéi ons zwou EHF Koppele Linster/Rauchs an Weber/Weinquin, droen esou Representatiounen am Ausland dozou bäi, dass onsen Arbitrage ëmmer vun deenen neisten Informatiounen aus éischter Hand profitéiere kann, an onsen Handball am allgemengen esou ee Schratt viru kënnt.
Mir wënschen dem Petz Simonelli jiddefalls vill Freed an Erfolleg bei senger neier Aufgab !
#handballassméi