Martial Veidig als Ersatzmember an de Conseil Consultatif vum COSL gewielt
D'FLH ass frou matzedeelen, dass de Martial Veidig, Tresorier vun der FLH, op der AG vum COSL als Ersatzmember fir e Sëtz am "Conseil Consultatif" vum COSL gewielt gouf.
Dës Wiel ënnersträicht d'Unerkennung vun der geleeschter Aarbecht an dem Engagement vum Tresorier vun der FLH fir de Sport zu Lëtzebuerg. D'Lëtzebuerger Handballfederatioun wënscht him vill Erfolleg a senger neier Roll a begréisst et, duerch dës Vertriedung hiert Engagement fir d'Entwécklung vum Sport zu Lëtzebuerg weider ze stäerken.
#handballassméi