Fraen am Handball (4) đŸ€Ÿâ€â™€ïžâœš

  17.03.2026

Am Kader vum Weltfraendag stelle mir am MĂ€erz d‘Fraen am Handball an de Fokus. Eng Rei Fraen zielen eis wat Handball fir si ass, a ginn de Fraen a Meedercher e wichtege Message mat op de Wee. 

 

Haut mam Jenny Zuk, laangjÀreg Nationalspillerin :

Handball ass méi wéi nëmmen e Sport fir mech. Ob den Training ze goen heescht fir mech meng Kolleegen ze gesinn, ze laachen a vum Alldag ofzeschalten. Et ass wéi eng zweet Famill, ob déi een sech ëmmer verloosse kann.

Als Fra oder Meedchen huet een et virun allem am Sport oft méi schwéier, mee et soll een ni ophaalen u sech ze gleewen.