Fraen am Handball 🤾‍♀️✨

  08.03.2026

Am Kader vum Weltfraendag stelle mir am Mäerz d‘Fraen am Handball an de Fokus. Eng Rei Fraen zielen eis wat Handball fir si ass, a ginn de Fraen a Meedercher e wichtege Message mat op de Wee.

Mir starte mam Laura Willems, Kapitänin vun eiser Nationalekipp :

Handball bedeit fir mech Frëndschaft, Kampfgeescht an Emotiounen. Um Terrain hunn ech geléiert iwwer mech eraus ze wuessen a ni opzeginn. Un all Meedchen a Fra dobaussen: Bleif dir selwer trei, kämpf fir däin Dram a vertrau op deng Stäerkt !

#womeninhandball #Handballassmei