Eis U17 Nationalequipe gutt zu Vilnius a Litauen ukomm

  25.10.2018

Haut de Moien haten sech eis rout Léiwe mam Bus a Fliiger iwwer Frankfurt Hahn op de Wee a Litauen gemaach. De Mëtteg si si voll motivéiert zu Vilnius gelant. Muer den Owend um 18h30 Lëtzebuerger Zäit, geet et am éischte Match da géint hir Alterskollegen aus Lettland. E Samschdeg ass d'Heemequipe aus Litaue Géigner vun eise Jongen um 15h30. E Sonndeg um 09h00 spillen si dann hiren drëtten a leschte Match géint Polen. Mir wënschen eiser Equipe e gudde Start am internationalen Handball an drécken hinne fest d'Daumen. Mir halen iech um Lafenden. Stay tuned! #MirsinnHandball #Letsmakeithappen #RoudeLéiwhuelse


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)