Domaine L&R Kox bléiwt Partner vun der FLH
E Samschdeg war d'CA-Sëtzung am Domaine Laurent & Rita Kox. Dobäi gouf eis laangjäreg Zesummenaarbecht confirméiert a wäert och esou weidergefouert ginn. 🤝
De Laurent Kox ass e ganz innovative Wënzer, an den Domaine Laurent & Rita Kox iwwerzeegt och mat senge Produiten : originell Wäiner, vun deenen e puer zu de meescht gesichte Wäiner zu Lëtzebuerg zielen. 🍇🍷
Eng ganz flott Erfarung ! ✨
D’FLH ass frou, dës Partnerschaft weiderzeféieren, a seet villmools Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht. 🙏
#handballassméi