“Découverte de l’activité du handball” 🤾♂️
Eng flott an interaktiv "formation continue" fir Enseignanten zu Lëtzebuerg, organiséiert vum INAPS an IFEN. Hei konnten si nei Iddien a Spiller entdecken, fir den Handball an der Schoul op eng motivéierend Aart a Weis de Kanner méi no ze bréngen.
Fir dëst Joer si keng Formatioune méi geplangt, mee nächst Joer stinn der sécher erëm um Programm. D'Umeldunge ginn all iwwert den IFEN.
E grousse Merci un den Tommy Wirtz fir säin Asaz am Kader vun dëser Formatioun, fir ze weisen, datt Handball einfach méi ass ! 🤾♀️🔥
#handballassméi