D'Christine Petit freet no beim Tom Meis…
  10.01.2020


Am Kader vun der WM Quali 2021 spillt eis Nationalequipe Ufank Januar géint d'Slowakei, d'Färöer Inselen a Litauen, ier kuerz duerno de wichtege Playoff fir d'EM 2022 géint Estland ass.

1) Wéi gesäis du d'Entwécklung vun der Nationalequipe an de leschte Joer ?

Ech mengen et ass nach Loft no uewen. Mir sinn am gaangen gutt ze schaffen, et si vill Talenter déi de Wee an d'Ausland sichen, wat nëmme positiv ka si fir déi nächst Joer. Lo muss ee kucken dass een dat ganzt opbaut, well déi lescht Jore war et ëmmer ze amateurhaft, et muss elo bësse méi Professionell ginn, mat méi Trainingen a Stagen am Ausland. Dat ass net einfach, et muss een e Wee fannen fir Handball, Aarbecht a Privat kennen ze verbannen.

2) Wéi eng Chance rechens du der Nationalequipe aus fir déi 3 Matcher vun der WM Quali ?

Ech menge mir sinn do net Favorit, dat ass kloer. Mir hu gesinn dass mir géint d'Slowakei hei heem emol gewonnen hunn an doru musse mir uknäppen a probéieren déi Leeschtung nach eng Kéier ze widderhuelen.

3) Mëtt Januar spillt d'Nationalequipe ganz wichteg Matcher géint Estland, wéi stinn do d'Chancen fir des Dueller positiv ze gestallten ?

Estland ass eng gutt Equipe, si hu Spiller déi éischt an zweet Bundesliga spillen. Mir hunn och schonn eng Kéier géint si gewonnen, mee och an dësem Match si mir eigentlech den Underdog.

4) Wann Nationalequipe auswäerts spillt, mat wiem deels du däin Zëmmer a wisou ?

Mam Max Kohl, well mir gutt Kolleege sinn, an eis gutt verstinn.

5) An dräi Wieder, wéi mengs du géifen deng Teamkomeroden an der Nationalequipe dech beschreiwen ?

Weess ech net, dat ass schwéier ze soen, do musst dir si schonns selwer froen.

Numm :             Tom Meis
Veräin :              Red Boys Déifferdeng
Positioun :         Réckraum Mëtt
Selektiounen :   37
Goaler :             90