Zeimetz a Wirtz, MVP's bei den Dammen Hallef-Finalle vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg

  28.02.2020

Gëschter Owend goufe weider MVP's vum Match gewielt. Bei dëser Wiel, gesponsert vu Peters Sports goufe vun enger Jury déi beschte Spillerin vum Match bestëmmt. Beim éischte Match, Handball Esch - Chev Dikrech, konnt sech d'Jill Zeimetz vum Chev duerchsetzen, an am zweete Match konnt d'Kim Wirtz vum HB Diddeleng de Jury iwwerzeegen. Béid Spillerinnen kruten e Bong vum Nico Peters vu Peters Sports iwwerreecht.

Och bei de Finalle vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg gëtt jeeweils den MVP vum Match ausgezeechent

#Final4LoterieNationale #AXALeague #handballassméi


LODYSS Supercup 2025

LODYSS Supercup 2025
30. August 2025 ab 15:00 Auer
Um Dribbel Bascharage

15:00 : HB Käerjeng HB Diddeleng (Fraen)
17:30 : Red Boys – HC Berchem
(Männer)