www.flh-live.lu am neie Look !
  30.01.2020


Mir hunn eiser Internetsäit flh-live.lu e neien Design verpasst, deen sech och automatesch un déi verschidden Apparater (PC, Tablett oder Handy) upasst, an deen och elo esou gutt de Liveticker, wéi och de Livestream, begräift.

Wat fannt dir op eiser Säit ?

  • De Livestream vun de Matcher vun HandballTV by AXA.
  • All d'Matcher vu sämtleche Kategorie vun der FLH (Wocheplang) vun alle Veräiner.
  • E Link op d'Matcher vun der Woch vun ärem Veräin.
  • Pro Match de Link op de Live-Ticker wann de Match am Gaang ass gespillt ze ginn (leider ass fir de Moment de Liveticker eréischt ab dem Upaff zegesinn. Mir schaffen drun fir dat ze änneren).

Wat musst dir wëssen ?
Wat musst dir maache fir eis Säit ënnert deene bescht méigleche Konditiounen ze kucken ?

Livestream um Handy !
Dräit ären Handy an den horizontale Modus (paysage) fir en optimale Bildausschnëtt, a klickt dann op Zeechen vum Full-Screen.

Liveticker !

2 Vue stinn zur Usiicht :
Ticker (Spielverlauf) an Equippen Opstellung (Aufstellung)
Am Ticker gëtt elo och de Numm vum Spiller nees ugewisen, a net nëmmen seng Nummer

Am Unhang fannt méi eng méi detailléiert Uleedung : Uleedung am PDF Format

Am beschten ass et ze probéieren !