Save the Dates !
  31.10.2023


Reservéiert Iech elo schonns d'Datumer vun eisen zwou Nationalekippe fir hir nächst Heemmatcher.

Eis Männerekipp spillt an der Qualifikatioun fir d'Men’s EHF EURO 2026 Promotion Round géint Lettland. De Retour Match ass Sonndes de 14. Januar um 16:00 Auer am Gymnase vun der Coque.

Eis Fraenekipp huet an de Women's EHF EURO 2024 Qualifiers hir lescht zwee Heemmatcher och am Gymnase vun der Coque. An zwar Mëttwochs den 28. Februar um 18:45 Auer géint d'Färöer Inselen, an da Mëttwochs 3. Abrëll och um 18:45 Auer géint Island.

Reservéiert Iech déi 3 Datumer, a sidd derbäi fir eis 2 Ekippen ze ënnerstëtzen !

#handballassméi #euro2024 #euro2026