Men's 20 EHF Championship II 2026 am Kosovo : Slowakei 🇸🇰 - 🇱🇺 Lëtzebuerg 28 - 24 (12 - 14)
Men's 20 EHF Championship II 2026 am Kosovo : Slowakei 🇸🇰 - 🇱🇺 Lëtzebuerg 28 - 24 (12 - 14)
No enger ganz gudder éischter Hallschent, an der eis Ekipp déi gréissten Zäit mat engem oder zwee Goler virlouch (max. 3 Goler) ass et d'zweet Hallschent net méi esou gutt gelaf, an dat well d'Slowaken ëmmer besser gi sinn. An der 43. Minutt stoung et 19-19 an ab do huet d'Slowakei de Virsprong permanent ausgebaut (max 6 Goler). Kapp héich Jongen, op dat Resultat léist sech opbauen.
D'Statistike vum Match fannt dir op https://www.eurohandball.com/en/matches/202611113801001/Slovakia-Luxembourg/
Als Lëtzebuerger "Player of the Match" gouf de Bob Mousel gewielt
Den nächste Match spillt eis Ekipp muer Méindeg 13. Juli um 11:30 Auer géint d'Belsch 🇧🇪
Dir kënnt all d'Matcher live op 📺 EHFtv.com kucken. Dir braucht e Kont (gratis) an e Pass fir d'Men’s 20 EHF Championship II. Dee Pass kascht eemol 6,99 Euro, an ass fir all d'Matcher vun de Championship's gülteg
#handballassméi #followthefuture #RoudeLéiwHuelse