Hotel Threeland vu Péiteng ab dem 1. Januar 2024 neien offiziellen Hotel vun der FLH

  26.10.2023

De 25. Oktober huet d'Handballfederatioun mam Direkter vum Hotel Threeland, dem Här Marco Pütz, e neie Partenariat ënnerschriwwen. De Kontrakt leeft iwwer 3 Joer.

Den Hotel Threeland huet 86 modern Zëmmer, dovu 6 grouss Suiten. Des weidere lount sech eng Visitt an der Brasserie oder dem Restaurant, déi och ideal fir gréisser Evenementer sinn. Weider Informatiounen zum Hotel, an de Kontakt fannt dir op www.hotelthreeland.lu

#handballassméi