HC Berchem : 🏆 U13 Mixte Champion 2025/26 🏆

  08.06.2026

No enger immens spannender Meeschterschaft konnt sech den HC Berchem um leschte Spilldag de Championstitel sécheren ! 🎉

 

Mat Punktgläichheet géint d’Red Boys Differdange huet den HC Berchem dank dem gewonnenen direkte Vergläich déi éischt Plaz erreecht a sech domat verdéngt de Championstitel geséchert. 👏

 

E Samschdeg huet eis Vizepresidentin Sandra Flenghi d’Coupe zu Diddeleng un déi nei Championen iwwerreecht. 🏆

 

Mir gratuléieren der ganzer Equipe, dem Trainerstaff an allen Ënnerstëtzer häerzlech zu dësem flotte Succès. D’Belounung fir eng staark Saison an e schéint Beispill vun Teamgeescht an Asaz an de gréng-wäisse Faarwe vum HC Berchem! 💚

 

#handballassméi


LËTZEBUERG - GREAT BRITAIN

LËTZEBUERG – GROUSSBRITANNIEN (Fraen)
25. Oktober 2026 um 16:00 Auer
Gymnase COQUE Kirchberg

Women’s World Championship 2027 qualification