Handball dëse Weekend? Mir hätten do eppes !
Dammen DHB-Pokal de Sonndeg 3.11 um 16:00 Auer wou d'Tina WELTER mat FRISCH AUF Göppingen géint Marpingen-Alsweiler heivir am Saarland spillt (eng gutt Stonn vu Lëtzebuerg aus).
De Bundesligist Göppingen steet an der Tabell op der 9. Platz. Den Drëtt-Ligist Marpingen-Alsweiler steet op der 8. Platz an hirer Liga. D'Tina huet zu Käerjeng mam Handball ugefaangen, an huet mam Roude Léiw Bascharage éischt Erfarungen am Ausland gesammelt. An der 2. Bundesliga huet hat dono fir TV Nellingen, DJK MJC Trier a VfL Waiblingen gespillt. Elo huet hat sech säin Dram vun der 1. Bundesliga erfëllt.
D'Christine freet no beim Tina WELTER…
1) Dir spillt an der Coupe géint eng Equipe aus der 3. Liga, um Pabeier also ee klore Match, oder net ?
Mir gi kloer als Favorit an déi drëtt Ronn vum Pokal, allerdéngs ënnerschätze mir déi Ekipp net, well och si hunn Spillerinnen déi éischt oder zweet Bundesliga gespillt hunn. Mir freeën eis natierlech esou en „einfacht“ Lous gezunn ze hunn, well vill Ekippen dobäi sinn déi bei wäitem méi staark sinn. Mir hoffen natierlech och bei sou engem Match op vill Ënnerstëtzung vun eise Fans !
2) Du bass just virun Ufank vun der Saison op Göppingen gewiesselt. Wéi hues du dech an d‘Equipe integréiert ?
Ech hunn mech wierklech gutt an d´Equipe integréiert, a sinn och gutt vu jidderengem opgeholl ginn.
3) Wei zefridde bass du bis elo mat der perséinlecher Leeschtung a mat de Resultater vun denger Equipe ?
Ech si méi wei zefridde mat menger perséinlecher Leeschtung. Ech kréien am Moment vill Spillzäit, och well mir vill Verletzungspech hunn. Natierlech muss ech mech nach un d‘Spill vun der Ekipp gewinnen, et brauch nach e puer Matcher bis jiddereen agespillt ass. Mir haten direkt ganz staark Géigner wou mir gewisen hunn, dass mir mathale kennen. Mir hunn d'Potential fir uewe mat ze spillen, besonnesch wann déi verletzte Spillerinnen erëm zur Equipe stoussen.
4) Wéi een Tipp géifs du enger jonker Spillerin ginn, déi de Wee an d'Ausland well woen ?
Ganz Kloer: vill Gedold an Éiergäiz hunn - dat heescht ni opgi wann eppes net klappt oder schif geet "Never give up". Och fir mech war et e laange Wee bis an déi 1. Liga. Fir seng Zieler soll een ëmmer kämpfen, iergendwann gëtt een dann och belount !
5) Du bass och Kapitän vun der Lëtzebuerger Dammenationalequipe, wat sinn Är Zieler fir des Saison ?
Zieler fir d‘Nationalekipp sinn natierlech, eis individuell awer och als Ekipp ze verbesseren. Doduerch dass mir net reegelméisseg trainéieren ass et natierlech méi schwéier sech um Terrain ze fannen. Mir hunn och wärend der Qualifikatioun a Griicheland gesinn, dass mir méi Training zesumme brauchen. Mir wëllen natierlech weiderhin reegelméisseg Matcher géint International Equipe spillen, fir eis op internationalem Niveau ze moossen an eis doduerch ze verbesseren.
Numm : Tina Welter
Veräin : FRISCH AUF Göppingen (DE)
Positioun : Lénks/Riets Band
Selektiounen : 11
Goaler : 50
#AXA-League #RoudeLéiwhuelse #Letsmakeithappen