Gutt Besserung Tom & Ermin !

  22.11.2026

Beim Match vu gëschter Owend tëscht dem HB Dudelange an dem Handball Esch hunn sech déi zwee Spiller Tom Krier an Ermin Muric leider verletzt.

An dësem Moment sinn eis Gedanke bei deenen zwee Spiller, hire Familljen an hirem Ëmfeld.

Mir wënschen dem Tom an dem Ermin vu ganzem Häerze vill Kraaft, Courage a virun allem eng séier a gutt Besserung! ❤️🤍💙

Grad a Momenter wéi dëse weist sech, wat eis Handball-Famill ausmécht : Zesummenhalt, Solidaritéit a géigesäiteg Ënnerstëtzung.

Mir stinn zesummen. ❤️🤍💙

#handballassméi